HAFF TEMPELS

WËLLKOMM AM HAFF TEMPELS

Den Haff Tempels existéiert schonn an der 3ter Generatioun zu Uewerkuer op der Gare.  Eisen Haff bewirtschaft  ca 225 Hektar. Eis Kéi friessen Gras wat op den Wiesen wiisst. De Wanter kréien se eng Mëschung  vun Grassilo 60 %, Mais 30 %,  an 10 % Hee an Stréi. Fudder stellen mir praktesch alles selwer hier. Wann emol eppes akeeft, dann ëmmer OGM fräi. Mir schaffen ënnert dem Label „ Natur genéissen“ vill Wäert op Deieren wuel an Naturschutz geluecht gëtt.

Eis Client’en nennen eis och « bei Meyesch »,  den Numm vun mengem Bop,  oder och „an Grainsen » esou den ale Numm vun eisem Haus!  Eisen Haff bewirtschaft  ca 225 Hektar. Zur Hallschent Wisen an eisem scheien Kordall an Felder éischter um Bierg. Eis Béischten sinn ca 7 Méint op der Wiss an 5 Méint am Stall op Stréi gehale. Fudder stellen mir praktesch alles selwer hier. Wann emol eppes akeeft, dann ëmmer OGM fräi.

Wat steet op eisen Felder?  

Broutwees, Braugeescht, Raps, Mais, Huewer  (gutt  eis Kaalwer), Ierbessen fir als Eewäiss-Ersatz fir  Soja. Eis Kéi friessen natierlech Gras wat op den Wiesen wiisst. De Wanter kréien se eng Mëschung vun Grassilo 60 %, Mais 30 %,  an 10 % Hee an Stréi.

Mir schaffen ënnert dem Label „ Natur genéissen“ vill Wäert op Deierenwuel an Naturschutz geluecht gëtt.